Wählen Sie Ihre Nachrichten​

E schéinen Owend zu Maacher am Kulturhuef

Super Wieder, kale Wäin a virun allem: Musek, Musek, Musek. Sou hunn en Freiden den Owend méi wei 400 Léit d'Fête de la musique 2017 zu Gréiwemaacher am Kulturhuef verbruecht. Den Optakt hunn deen zu Maacher net onbekannte Blues a Jazz Duo Wollmann & Brauner gemaach. Bei relaxem Blues Sound konnten d'Léit hiren Owend entspaant ugoen. Weider goung et mat dem coup de coeur vum Maacher Kulturhuef, dem Projet Music Without Borders. Am Kader vun dësem Projet hunn sech Léit vun all Alter a Nationalitéit fonnt fir zesumme Musek ze maachen. 10 Wochen hunn se geprouft, fir op dësem Owend engem begeeschterte Public een eemolegt musikalescht Erliefnis ze bidden. Mat rhythmeschen Djembé Kläng a virun allem vill gudder Laun, hunn dës Amateure bewisen, dat Musék eng Sprooch ass déi keng Grenze kennt. Och de rezent emernimmten Museker Josh Island (fréier Oudendijk) huet mat senger unplugged Sessioun akustesch Héichleeschtungen erreecht an den enthusiastesche Public musikalesch roueg a verdreemt duerch de weideren Owend gefouert. Kaum war d'Sonn ënnergaange war et och schonns Zäit fir den Headliner vun der Fête de la musique 2017 zu Gréiwemaacher am Kulturhuef, nämlech der Lëtzebuerger Hip-Hop Formatioun DE LÄB. Eriwwer war et mat entspaant verdreemter Musek, well DE LÄB huet et dunn och fäerdeg bruecht de ganze Kultuerhuef op d'Been ze bréngen an huet dem euphoresche Publik mat fettem Bass, vill Humor an ouni Verschnauwen ageheizt. Natierlech gëtt op der Musel méi laang geféiert an esou hunn sech d'Léit dunn och mat der DJane Sunflower am Kulturcafé bis an d'fréi Moiesstonne Rendezvous ginn. Allem an allem, ë gelongenen Owend un der Musel deen sech der bestëmmt vill och d'nächst Joer net wäerten entgoe loossen.