E grousse Merci un d'Benevol'en an eise Verwaltungsrot: e Patt 25.07.2018
Wat vill Léit och net wëssen ass datt de Kulturhuef och vill Benevolen huet déi déi villsäiteg Programmatioun vum Haus iwwerhaapt eréischt méiglech maachen. Gëschter Owend huet d'Presidentin vum Kulturhuef, Liane Felten, och am Numm vun der ganzer Equipe dësen Éiere-Mataarbechter e grousse Merci fir hiert dacks laangjäregt Engagement ausgeschwat. Och de Verwaltungsrot vum Kulturhuef krut fir säin Engagement e grousse Merci ausgeschwat. A wéi et sech gehéiert, gouf et natierlech och e goude Patt dobäi!