Wählen Sie Ihre Nachrichten​

E gutt besichten a gutt gelaunten Internationale MuséesDag am Miselerland

E flotten Androck konnten sech d'Participant'en vum Musel-Hopping iwwert direkt 6 vun de 7 Muséeën am Miselerland maachen. Matt engem super rouden Doppeldeckerbus goung kräiz a queesch duerch d'Musel Regioun an d'Visiteure konnten sech kuerzweileg Andréck vun de respektiven Ausstellungen am Biodiversum, Musée Européen, Musée A Possen, Musée luxembourgeois de l’imprimerie et de la carte à jouer, Maison et Musée du Vin an der d'Valentiny Foundation maachen. Giess gouf zesummen am Kulturcafé zu Gréiwemaacher. De Feedback war immens positiv a mir freeën eis vläicht och Iech nächste Joer begréissen ze dierfen. Merci un d'Organisateuren déi sech vill Aarbecht gemaach hunn a mat Enthusiasmus dobäi waren an, natierlech un all Visiteuren déi mat hirer gudder Laun an Interessi dësen Dag zu enger Freed gemaach hunn.