Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Den Alexandre Espigares am Kulturhuef

Ee gutt gelaunten a gutt besichten Owend konnt de Publik den 28. Mäerz am Cinémaacher erliewen. Net nëmmen haten si d'Chance fir de Wollefszant op senger nationaler Sortie ze gesinn, si konnten dëst a Präsenz vum Regisseur an Oskargewënner Alexandre Espigares erliewen. Matt gudder Laun huet hien sech duerno de Froe vum Publik gestallt. Sympathescherweis huet hien sech spontan bereet erkläert fir den Dag drop moies bei eiser Schoulseance vum Wollefszant de Kanner Ried an Äntwert ze stoen! Dat nennt een e gelongent Evenement!

De Wollefszant leeft ab dem 28. Mäerz am reguläre Programm vum Cinémaacher an den 11.06.2018 och an enger spezieller Seance ëm 14:00 Auer. Op dësem Dag mëscht de Kulturcafé dann och seng Dieren op fir Iech eng gutt Taass Kaffi an e Stéck Kuch ze proposéieren.


Eintritt: 6 EU
Rollstuhlplätze und Rollator: wir bitten um Reservierung Mo.-Fr.: 08:30-12:00; Tel: +352 26 74 64 1 oder mail@kulturhuef.lu
Org. Kulturhuef