Wählen Sie Ihre Nachrichten​

De Wurmi Krummwurms am Kulturhuef zu Gréiwemaacher

A wat war dann e Sonnden de Moien am Kulturhuef zu Gréiwemaacher lass? Et gouf gelaacht, gejaut, a jo, souguer gebrëllt ewéi ee Léif. Am "Wurmi Krummwurms" goung et ënnert anerem ëm e klenge Wuerm deen héich eraus wëll, en Léiwen-Meedche wat sech bei engem feine Kinnek revanchéiert an him eppes schenkt wouvunner mer nach all haut profitéieren, an ëm eng gewëtzte Koppel Kollegen, déi et souguer fäerdeg brenge fir dem Däiwel eng auszewëschen. All dëst a nach vill méi hunn dës knapp Stonn zu engem vollen Erfolleg gemaach, dee leider vill ze séier eriwwer war! A wa mir déi do waren di nächste Kéier e Wuerm am Apel fannen, da passe mir op, well et kéint jo en Ur-Enkel vum Wurmi sinn!


Prod.: Traffik Theater Lëtzebuerg, Chantier Mobile asbl, Philharmonie Luxembourg

Org. Kulturhuef a.s.b.l.