Wählen Sie Ihre Nachrichten​

D'Kandidate vun der CSV presentéiere sech: René Huss

Den nächste Kandidat op eiser Lëscht ass de René Huss:

Mäin Numm ass René Huss, ech si 56 Joer al, bestuet a Papp vun zwéi grousse Bouwen. Vun 1987 bis 1990 war ech schonn eng Kéier am Gemengerot.

Vu Beruff sinn ech geléierte Mécanicien mat Meeschterprüfung, schaffen awer schonn 13 Joer als Buschauffeur bei Voyages Emile Weber. Bei menge Reese léieren ech vill Leit kennen a gesinn och, wéi et an anere Länner mam Tourismus ausgesäit.

Den Tourismus ass grad dofir en zentrale Punkt fir mech, well do bleift zu Maacher nach ganz vill ze maachen. Och de Verkéier läit mer um Häerz. Duerch meng Aarbecht ginn ech ëmmer erëm dermat konfrontéiert a gesinn, wou d’Kromm an der Heck läit.

Als Member a fréiere Spiller vum „Club Sportif Grevenmacher“, kuerz CSG, intresséieren ech mech natierlech ganz staark fir de Sport, deen a mengen An a grad an eiser Zäit immens wichteg ass. Besonnesch déi Jonk sollen dozou animéiert ginn. Obwuel mir zu Maacher scho gutt Sportinfrastrukturen hunn, ass dach nach dëst an dat ze verbesseren. Dofir wëll ech mech asetzen.