Wählen Sie Ihre Nachrichten​

D'Kandidate vun der CSV presentéiere sech: Marc Schiltz

Den nächste op der CSV Maacher Lëscht ass de Marc Schiltz, Grënnungspresident vum de Rhäifränsch:

Ech sënn de Marc Schiltz, 37 Joer jonk, bestuet mam Christiane Urwald a Papp vun 2 Kanner.

Op menger Aarbechtsplaz, zu Iechternach op der Spuerkeess, këmmeren ech mech haaptsächlech ëm déi jonk Clientèle, de Logement an d’Assurancen.

Schon als Kand hunn ech vu meim Papp, dem Schiltze Jack, d’Léift zur Natur an den Intressi fir de Sport, besonnesch de Vëlosport, mat op de Wee kréit.

An als laangjärege Basketspiller weess ech, wat et heescht, Motivatioun an Teamgeescht ze beweisen.

Besonnesch houfreg sënn ech drop, Grënnungspresident a Member vum Musekstheaterveräin Rhäifränsch ze sënn, wou mat vill Engagement Lëtzebuerger Kultur an d’Freed un der Saach gelieft gëtt.

Maacher, d’Musel, sein Awunner, d’Gesellechkeet, op déi een do trëfft, ass do wou ech mech wuel fillen a wou ech mech weiderhi wëll engagéieren.

http://grevenmacher.csv.lu