Wählen Sie Ihre Nachrichten​

D'Kandidate vun der CSV presentéiere sech: Cathia Jaeger-Lahure

Haut dierf ech mech selwer virstellen: Cathia Jaeger-Lahure, Vizepresidentin a Webmaster vun der CSV Maacher:

Mäin Numm ass Cathia Jaeger-Lahure. Ech hunn 32 Joer. No mengem Studium hunn ech als Informatikerin beim Staat ugefaang. Kuerz drop sinn ech mat mengem Mann op Maacher komm, wou mir elo mat eisem klenge Bouf wunnen.

Ech genéissen et, laanscht d’Musel an duerch d’Wéngerten trëppelen ze goen a si frou, an enger Stad mat enger flotter Foussgängerzon ze liewen.

Ech setze mech a fir Maacher, andeems ech an der lokaler CSV matschaffen. Et gefällt mir, do ze diskutéieren a mech z’informéieren. Vun do aus hunn ech mech och a Gemengekommissiounen an am Parverband engagéiert, wou ech och fir d’Internetsäiten zoustänneg sinn.

Et ass mir besonnesch wichteg dass eng Gemeng no um Bierger ass. Nëmmen informéiert Bierger kënnen zum Gemengeliewen bäidroen. Grad d’Jugend soll encadréiert si vun hirer Gemeng a sech vun der Politik eescht geholl spieren. An deem Sënn schaffen ech mat am Comité vum Jugendhaus (CRIAJ) an an der Jugendkommissioun.

An der Maacher Stadmusek spillen ech Querflütt.

http://grevenmacher.csv.lu