Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Cadets & Junioren vum CSGréiwemaacher gewannen internationalen Tournoi an Holland

Päischten waren Cadets an Junioren vum CSGréiwemaacher op en internationalen Tournoi bei den v.v. Kagia op Lisserbroeck invitéiert.En groussen Succés fir ons Equipen.
Cadets matt hirem TrainerDuo Carlo Trierweiler/André Weisgerber ewéi och Junioren mat hirem Trainer René Roller hun sech géint déi hollänesch an däitsch Equipen duerchgesat an jiddereen huet den Gewënner-Pokal matt op Maacher bruecht.Desweideren ass den Mensur Reckovic bei den Cadet an den Mathieu Trierweiler bei den Junioren als beschten Spiller ausgezeechnet gin.Gratulatioun