Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Porte Ouverte bei de Frënn vum Camino, Samschdeg den 23 Februar

22
Feb
2019
22 Feb

Gréiwemaacher, am Kaplounshaus um 16:00 Auer .

Bei enger Taass Kaffi an engem Stéck Taart kucke mer eis de Film "The Way" an der däitscher Fassung un.

Dëse Film erzielt Geschicht vun engem Papp, dee mat den Äsche vu sengem verstuerwene Jong am Rucksak, de Wee op Santiago mécht. Duerch d'Erliefnesser ënnerwee versteet e lues a lues firwat säi Jong grad dëse Wee wollt maachen..

Uschléissend hutt der Méiglechkeet mat "alen" Pilger iwwer hire Wee ze schwätzen.