Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Konveniat vun de Gouschtenger Jongen a Meedercher

Gouschteng. Di Gouschtenger Jongen a Meedercher, Joergäng 1956-75, haten sech den 21. Abrëll am Verainsbau zu Gouschteng fir hiren éischte Konveniat getraff. Hei goufen si vum Buergermeeschter Roger Barthelmy begréisst an op den Eirewain agelueden. Beim Mëttegiessen an der Tourelle zu Briedemes gouf et genuch ze erzielen, ir et duerno op Wuermer an d’Kellerei gaangen ass wou bai enger visite guidée erklärt gin ass, wéi aus den Drauwen Wain entsteet. Mam Verspriechen sech an 2 Joer erem zegesinn, ass de Konveniat, dee vum Romy Kieffer, Ferni Wintersdorff, Fern Mathieu a Jeannot Schmit organiséiert gouf, zu Lenneng an der Waistuff Leuck-Thull, zu Enn gaang.