Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Gouschteng: emol eng aner Duerfkiermes!

E Sonndeg, den 18. September, huet Gouschteng e groussen Dag erlieft! - D'Chorale huet hieren 145. Gebuertsdag gefeiert an zugläich hiren Organist Luc Rollinger geéiert, deen si ewell zënter 30 Joer begleet an dernieft nach passend Arrangementer fir si schreift. - Et wor eng immens Organisatiounsaarbecht, well et sollt jo alles klappen! - Dat 48 säitegt Programmheft mat der Virstellung vun de Kënschtler, de Lëschte mat de Sponsoren an Donateure gouf zur Zäit fäerdeg, d'Invitatioune verschéckt, déi gratis Plaze reservéiert....D'Sängerinnen an d'Sänger vu Gouschteng a Wuermer hu gewëssenhaft geprouft, well wann ee schonn d'Éier huet, mat enger renomméierter Solo-Violinistin ewéi der Alena Baeva, déi enk mam Duerf verbonnen ass, an déi an der ganzer Welt gefeiert Optrëtter huet, an och dem Sven Kiefer, engem bedeitende Multipercussionist aus dem Duerf selwer, opzetrieden, da wëllt een sech dach net blaméieren, zemol nach op Kiermessonndeg! - De Concert ass gelongen an als Merci hunn déi ronn 300 Kiermesgäscht gär a gutt fir MSF gespend. De Menü, deen d'Kënschtler fir si zoubereet haten, wor no hierem Goût. Besonnesch gefall huet déi nei Créatioun vum Ivan Boumans, d'Vertounung vun der Ballad "Not", engem aktuellen Thema. - Mä et däerf een ower och eppes net vergiessen: um Erfolleg vun deem Ganzen huet och d'Gemeng Fluessweiler e grousse Mérite: De Buergermeeschter mat sengem Schäffen- a Gemengerot an der ganzer technescher Équipe hunn den Organisatoren all Wonsch erfëllt: Podiumen opgeriicht, zousetzlech Still erbäibruecht, de Verkéier regléiert fir datt kee Chaos mat deene ville friemen Autoe sollt entston.... An nom Concert huet d'Gemeng, déi nieft dem Piusverband d'Patronat vum Fest iwwerholl hat, op eng Rezeptioun an de Centre Culturel agelueden, wou si vum Feinsten opgedëscht huet a wou jiddferee beim Jubiläumskuch konnt mat deene renomméierte Kënschtler a Kontakt kommen. All Respekt fir déi Gemengen, déi hier kulturell Veräiner esou ënnerstëtzen, datt et nach Freed mécht, bei deenen Aktivitéiten derbäi ze sinn. E gutt Beispill vun harmoneschem Zesummeschaffen souwuel an der Kierch wéi och am Centre Culturel!