Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Éierung fir e Weltmeeschter

Vum 24. bis de 27. September 2015 huet de Franz Schiltz vu Gouschteng zu Merzöhegyen an Ungarn un der Weltmeeschterschaft fir jonk Päerd an der Disziplin “Fueren” (mat der Kutsch) deelgeholl. Nodeems de Franz mam Frodo von Florestan – e 7 Järegen Oldenburger – all Qualifikatioune virdru mat Bravour gemeeschtert hat, konnten si sonndes an där leschter Ronn déi aner 7 Gespanner aus 9 Natiounen hannert sech loossen a goufe Weltmeeschter.
De Comité vun der Entente vun de Gouschtenger Veräiner – zesumme mam Schäffen- a Gemengerot vu Fluessweiler – wor der Meenung, esou eng Leeschtung wär derwäert geéiert a gefeiert ze ginn. Dofir haten si e Samschdeg, de 27. Februar, d’Veräiner an d’Duerfleit op eng kleng Feier an de Centre Culturel zu Gouschteng agelueden. No engem flotte Marsch vun der Fanfare Gouschteng-Beyeren huet de Gérard Schmit, President vun der Entente, d’Leit begréisst an hinnen erkläert, watfir eng grouss Leeschtung haut geéiert géif.- Deen neie Weltmeeschter krut eng schéi Päerds-Skulptur als Erënnerung geschenkt a seng Madamm, déi hien ëmmer bei senge Coursen ënnerstëtzt, krut e schéine Bouquet.
Nodeems d’Chorale vu Gouschteng nach 2 flott “Päerdslidder” gesongen hat, huet de Buergermeeschter Théo Weirich d’Wuert ergraff an am Numm vun der Gemeng gratuléiert. Jiddweree gouf invitéiert, d’Glas ze hiewen an op dës Leeschtung ze prosten! – Bei engem klenge Maufel an engem gudde Patt konnten d’Leit och nach eng Kéier d’Course am Video kucken an hunn dem Franz a sengem Frodo "Vill Gléck" fir di nächste Kéier gewënscht.