Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Mam Ballon der Sonn entgeent

Et ass Zoufall wann een mam Auto ënnerwee ass, et ze erliewen wann vun engem Feld Ballonen fortfléien. Well de Start vun de Ballonen gëtt vun den Piloten ëmmer schnell a kuerz décidéiert. Ech hat déi Chance zu Gousseldeng, an hunn de Start mat Fotoen festgehal.
Et ass schonns Hand an Hand schaffen, Equipenarbecht as gefroot.Déi zwee beschtbekannten Piloten am Innland an Ausland, de Colin Weber an de Claude Kraft brauchen natierlech eng Equipe déi hinnen hëllefen, well sos geet et net.
De Ballonfluch vun den n'Owend,war en Übungsfluch, an zwar esou wéi de Wand bleest, giffen Piloten mengen Direktioun Viichten, Biissen ze fléien, wou si sech eng Kräizung eraus gesicht hunn, als Punkt wou si an der Competitioun en Sandsack giffen erof puchen genau op Kräiz wat do agezeechent wär.
Déi zwee Ballongspiloten sinn mat Funk mateneen a Kontakt an kennen esou Informatiounen während dem Fluch austauschen.
Et ass een faszinéiert, wann déi Ballonen an den bloen Himmel der Sonn entgeet fléien.Ech kann iech soen, wär gären matgeflunn, awer dat ass net esou einfach, well bei Übungsflich huet de Pilot gären se Rou.Awer ween wee's, vläicht klappt eng kéier.
Sinn Ballonen fort, fänkt Buedempersonal un alles anzepaken, mat der Jeep an Unhänger geet et déi Richtung wéi de Wand Ballonen dreift.Och si sinn iwwer Funk mat de Piloten a Kontakt, vir bei der Landung op der Plaz ze sinn well si do erem gebraucht ginn.
Wann dir d'Chance hutt, owes bei dësem schéinen Wieder, de Start vu Ballonen duerch Zoufall ze gesinn, bleift stoen an kuckt iech dat un, et ass einfach flott bei Sonnenënnergang dat ze erliewen.


www.cla.lu