Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Jonglënster: Gutt Ambiance beim Grillfest vun der CSV

Vill Leit ware bei déi Lënster CSV komm, fir um Grillfest e puer gemittlech Stonnen ze verbréngen. Och e puer Membre vun der DP waren agetraff, fir zesumme mem Koalitiounspartner den Apéritif ze drénken. De President vun der CSV-Sektioun, Tom Weber, huet d'Leit begréisst, hinne merci gesot, datt si derbäi waren an hinnen e gudden Appetit an e schéine Mëtteg gewënscht. Dat hunn d'Leit sech net zweemol soe gelooss a si hunn d'Grillspezialitéiten an och d'Gedrénks genoss. Et ass vill diskutéiert a gelaacht ginn, mee politësch Problemer gouwen um Grillfest op der Säit gelooss. E schéint Fest, wou eng gutt Ambiance Tromp war!