Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Galamatch tëschent "ELA Lëtzebuerg" an "Een Häerz fir kriibskrank Kanner" asbl

Am Kader vun 100 Joer FC Tricolore Gasperich ass een Galamatch organiséiert ginn tëschent “ELA Lëtzebuerg” an “Een Häerz fir kriibskrank Kanner”. Bekannten Léit aus Lëtzebuerg hunn déi zwou Associatiounen um Fussballterrain vertrueden. Virdrun hunn d‘Bambinis a Pupilles vum FC Tricolore gespillt. Nom Match huet den Veräin nach een Iessen am Clubhouse offréiert.

MERCI dem Fc Tricolore Gasperich fir d’Organisatioun vun dem flotten Event. Een groussen MERCI och un d’Spiller vun eiser Ekipp:

Olivier Catani, Marie Muller, Abby Toussaint, Paul Galles, Sven Clement, Henri Kox, Jean-Marc Rigaut, Claude Leogrande, Yannick Zuidberg, Paulo Moura, Amen Benjoui, Fabien et Yannick Heinz, Josip et David Zeko