Sonndes, den 18. September war déi 3. Editioun vum "LOF Oldtimer Breakfast" bei 'APL (Autoparts)', 70 rue de Cessange, Lëtzebuerg.
Hei hunn sech tëscht 9 an 12 Auer iwwer 80 historesch Gefierer zesummefonnt.
E grousse Merci un APL an déi ganz Equipe fir den flotten Accueil !
Den leschten LOF Oldtimer Breakfast fir dës Saison ass den 16/10 vun 9 - 12 Auer beim LOF-Sponsor 'Maison de Coiffure et de Beauté ByTun', 109 rue de l'Alzette, Esch/Alzette.
Deen Moien dierfen d'Oldtimer ausnahmsweis an der Uelzechtstrooss geparkt ginn. Zoufahrt fir an d'Foussgängerzone iwwert 'rue du X Septembre'.
Wëllkomm sinn all historesch Gefierer: Autoen, Moto, Camion, Bus, Trakter, Militärgefierer.... op Member vun der LOF oder net.
Méi Info op www.lof.lu oder op der Facebook-Säit 'LOF - Lëtzebuerger Oldtimer Federatioun'
Fotoen: www.old-rides.lu