Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Regelung vum Verkéier

Dass d'Verantwortlech aus der Geméng gröndlech Kompetenzen hun fier den Verkéier ze reegelen kann een rezent op mywort.lu an och an der Zeitung vum 19. Januar 2011 nooliesen. Haut elo deen nächsten Streech !

All Kéier wann d'A 13 gespaart gët wéngst Aarbechten, get den Verkéier duerch Helléng an Fréiséng geleet, wat och verständlech ass. Waat allerdéngs manner verständlech ass, ass dass d'Verkéiersluten op der Kraizung zu Fréiséng nët ugepasst gin. Esou bild sech forcément en immensen Réckstau vun den Autoen an Camionen deen vun Moies bis Owes vun der Kraizung duerch ganz Fréiséng bis op Helléng an den Rondpoint mat deenen entspriechenden verkéierstechneschen an ëmweltspezifeschen Problémer.

Bei énger Noofro bei den Ponts & Chaussées gouf eis matgedeelt, dass och schonns d'Force de l'Ordre sich des Öfteren heiriwer beschwéiert hun an dass d'Propriétairen vun den Verkéiersluten, dat heescht d'Geméng am Viraus op den Probleem opmierksam gemeet goufen. Allerdéngs ouni Resultat !

Anscheinend bréngt déi verantwortlech Persoun den Courage nët op fier d'Verantwortung ze iwerhuelen an op d'Verkéiersluten anzewierken (z.B. op permanent Orange Clignotéieren schalten).