Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Mobilitéitswoch an der Geméng Fréiseng vum 16.-22. September 2014

Dest Joer bedeelegt sech d'Fréisenger Geméng mat der Matarbecht vun hirer Verkéierskommissioun éng éischte Kéier un der Europäescher Mobilitéitswoch déi vum 16. bis den 22. September 2014 statt fönd. D'Zil vun deser Campagne ass ët, fir déi lokal Autoritéiten ze encouragéieren, nohalteg Transportmoossnahmen anzeféieren an d'Bierger ze invitéieren, Alternativen zum Auto ze probéieren.
Niewend deenen aktuellen konkreten Ustréngungen fir déi drei Dierfer vun der Geméng duerch Velospisten oder besser Fousswéer ze verbannen, esouwéi déi besteënd ëffentlech Transportverbindungen ze verbesseren, gouf speziell fir d'Mobilitéitswoch folgenden Aktivitéitsprogramm ausgeschafft:
- Während déier ganzer Woch soll op der RGTR-Ligne 304 een Hybridbus Aplâz vun éngem herkömlechen Bus agesat gin;
- D'Awunner gin duerch en Flyer besser iwert déi verschidden Méiglechkeeten vun ëffentlechen Verkéiersmëttelen an der Geméng an hir Horairen informéiert;
- Sonndes den 21.09. gin den ganzen Dag zu Uespelt beim Kierfech elektresch an Hybridautoen virgefouert an d'Leit hunn d'Méiglechkeet séch iwert déi aktuell Konzeptioun vun den Gefirer déi um Marché sin ze informéieren. Enovos présentéiert éng Opluedstatioun fir elektresch Autoen an gët Opschloss iwert dat schon besteeënd nationalt Netz;
- D'Strooss vun der Kierfechstrooss zu Uespelt, iwert den Krokelshaff bis op den Hau zu Fréiseng (CR 156) gët fir den Verkéier gespaart, esou dass dës den Velosfurer an Foussgänger reservéiert ass.
All Awunner vun der Geméng Fréiseng an aus der Ëmgéigend sin härzlechst invitéiert séch aktiv un desem Programm ze bëdeelegen an/oder séch den 21.09. bei éngem killen Pättchen mat den Geméngevertrieder zu Uespelt ze ënnerhaalen.