Wählen Sie Ihre Nachrichten​

DT Gemeng Fluessweiler - Beschte Saison an der nach jonker Veräinsgeschicht

Fluessweiler – Viru kuerzem huet den Dëschtennis Gemeng Fluessweiler seng fënneft Generalversammlung am neie Centre Culturel zu Fluessweiler ofgehalen.
De President John Grun huet am Numm vum Comité d’Invitéeën, a besonnesch d ’ Vertrieder vun der Gemeng Fluessweiler, d ’ Sponsoren an d‘ Membere begréisst.
Duerno gouf alle Leit Merci gesot fir déi vill Aarbecht déi am leschte Joer sief et als Member oder Netmember geleescht gouf, besonnesch awer der Gemengeverwaltung, an de Sponsoren.,

De Sekretär Marco Ries huet en detailléierte Réckbléck op d' Aktivitéite vum vergaangene Joer gemaach : d ' Summerfest mat Mountainbike-Randonnée zu Fluessweiler, an d ' Wantergaudi zu Gouschteng stoungen do am Mëttelpunkt. Am Juli stoung en Ausfluch op Cochem um Programm. Besonnesch houfreg op sportlechem Plang ass de Veräin awer op den Opstig vu net manner wéi fënnef Seniorsequippen, dorënner de vun der 1 Equipe an d‘ Promotioun an op déi ganz gutt Resultater an de groussen Zouwuess bei der Jugend. Den DTGF huet zur Zäit 65 Lizenzen, dovun 20 am Jugendberäich an hat mat 9 Seniorsequippen a 7 Jugendequippen um Championnat deel geholl. D´ Romaine Schaus kënnt als nei Spillerin an de Veräin bäi.

De Keessier Jos Hienckes huet dunn eng gesond finanziell Situatioun presentéiert.

D ´ Schäffin Juliette Jans- Fusenig huet déi gutt Zesummenaarbecht betount, d ’ Wichtegkeet vum DTGF als Sportsveräin an der Gemeng ënnerstrach an encouragéiert op dem Wee weiderzefueren. Matt Recht huet si awer och gesot an higewisen dass d ' Jugendaarbecht e Fundament fir e Veräin ass an doranner misst investéiert ginn. Dofir ass a bleift d ' Haaptzil vum DTGF fir d ' Jugendaarbecht weider auszebauen.

Duerno goufen déi verschidde Seniorsequipe an déi 1. Cadetsequipe fir hiren Opstig geéiert. Dem Chloé Grun gouf fir seng 2 Plaz op der Landesmeeschterschaft am Dubbel Minimes-Meedercher an dem Claude Breser fir eng 3 Plaz am Dubbel B felicitéiert.
Duerno ass den Owend mat enger Agape an engem sëffege Patt Miseler ausgeklongen.

De Comité bleift onverännert a setzt sech zesummen aus: Marcel Schroeder (Éierepresident), John Grun (President), Marcel Breser an Ed Steffes (Vize-Presidenten), Marco Ries (Sekretär), Jos Hienckes (Keessier), Luss Glesener, Guy Hienckes, Pit Irthum, Pol Irthum, Franz Meyers, Paulo Pereira.


DT Gemeng Fluessweiler via my Wort.lu