Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Noperschafsfest am "Batz"

Haut war erëm dat traditionellt Noperschaftsfest zu Fëschbech. Säit e puer Joer gëtt dëst Fest am"Batz" gefeiert, esou dass et elo och eng Asbl gëtt déi sech dorëms këmmert! Dëst Joer war e klenge besonneschen Moment. Vetrieder vun all de Veräiner waren do fir de Mike Daems ze éieren deen méi ewéi 12 Joer laang Responsabel fir Gedrénks am Veräinshaus zu Schous war.Beim Aperitif huet hien e Bong fir eng Rees mat der ganzer Famill iwwerreecht kritt.Duerno gouf et e leckeren Menü a bei flotter Kanneranimatioun ewéi engem Sprangschlass a Gesiichtmolen as de Mëtteg gemittlech ausklénke gelooss gi.