Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Nationalfeierdag an der Gemeng Fëschbech

Haut op Nationalfeierdag hunn d'Awunner vun der Gemeng Fëschbech traditionell gefeiert, ouni Fakelzuch a Freedefeier. Virun der Gemeng huet sech de Cortège mat un der Spëtzt, dem Pompjeesfändel, a Richtung Kierch opgemeet. Déi lokal Autoritéiten si virun der Kierch duerch den Éierespaléier gaangen, wou de Kaploun Romain Richer se erwaard huet, fir d'Mass ze féieren mat uschléissendem Te Deum. No der Kierchlecher Feier wor et um Apéro op der Gemeng. Madame Buergermeeschter Marianne Brosius-Kolber huet eng Ried gehalen an der Groussherzoglecher Famill hier Gléckwënsch ausgesprach. Et wor och de Moment fir de laangjärege Pompjeeën hier Medaillen z'iwwerreechen. Déi geéiert woren Daems Pol, Jacobsen René, Brosius Paul an Molitor Olivier. Bei engem Patt a flotte Gespréicher ass de Moien dunn ausklénge gelooss ginn.