Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Konveniat Fëschbech a Schous

Fëschbech a Schous: Viru Kuerzem haten sech 22 fréier Schüler a Schülerinnen vun de Joergäng 1944 – 1960 getraff déi hir Primärschoulzäit zu Fëschbech resp. zu Schous verbruecht haten. No engem gudde Mëttegiessen am Restaurant V8 zu Jonglënster, hu si, un Hand vun enger Diashow mat ale Schoulfotoen, vill schéin Erënnerungen un déi deemoleg Zäit erëm opgefrëscht. Et ass och un déi verstuerwen Schoulkomeroden geduecht ginn. Eestëmmeg ass beschloss ginn, fir sech an Zukunft méi oft erëm ze gesinn.