Wählen Sie Ihre Nachrichten​

JOURNÉE DU GRAND-AGE 2015

Den 11. Oktober 2015, huet eise Senioreveräin, d'Journée du Grand-Age, gefeiert. No enger feierlecher Mass, gesongen vun eiser Chorale, huet d’Presidentin, d‘Marie-Louise Haas-Erpelding, all Memberen, Frënn a Jubilaren, ganz häerzlech begréisst.
D‘Madame Buergermeeschter, d'Marianne Brosius-Kolber, huet och e puer léif Wieder un eis geriicht.
D‘Madame Goetzinger aus dem Centre National de Literature, huet eis en interessanten Virtrag gehalen iwwer: D'Meedercher am Dëngst, datt heescht, eis Meedercher sinn an d'Ausland schaffen gaangen fir déi néideg Erfahrungen ze sammelen, déi si spéider an hirem Stot, konnten gebrauchen. Am 19. Jorhonnert an och tëschent deenen zwee Weltkricher, si vill Lëtzebuerger Dammen, op Paräis a Bréissel, schaffe gaangen.
Nom d'Mëttegiessen, zervéiert vum Restaurant Steinmetz, sinn eis Jubilaren geéiert ginn. Et sinn dëst:
Fir 75 Joer: Mertens Francis
Fir 80 Joer: Weyland Anne
Fir 81 Joer: Heidemann Mathilde, Holz Hélène, Kohl Régine, Kraus Ben, Pinckers Liz, Welsch Julie
Fir 82 Joer: Albers Henk, Ernzen Eugénie, Zenner Claire
Fir 83 Joer: Bernardy Eugénie, Hoffmann Marie-Louise,
Fir 84 Joer: Bisenius Lucie, Karier Alice, Alice Heiderscheid
Fir 85 Joer: Kemp Jeanne, Loewen Albert
Fir 87 Joer: Klemens Emely
Fir 88 Joer: Karier Jempi
Fir 90 Joer: Schmit Joséphine
Fir 95 Joer: Erpelding Sophie