Wählen Sie Ihre Nachrichten​

D'Kinecken woren ennerwee!

Dëse Sonden waren an der Gemeng Fëschbech d'Kinneken ënnerwee. Kanner aus der Gemeng hu sech un der 2. Stäresängeraktioun bedeelegt. Dëst ass eng Aktioun déi a ville Länner op der Welt, zemol am däitschsproochege Raum gemaach gëtt. Dir hutt bestëmmt schonns emol an der Vakanz oder zu Tréier iwwert enger Dir déi komesch Buschtawen an Zuelen gesinn, déi mat Kräid geschriwwen waren. Dëst waren d'Stäresänger. Et si Kanner déi als Kinneken, Engelen an Hierten verkleet duerch Duerf zéien an de Seegen un iwwert d'Haiser bréngen. Bei eis huet dës Aktioun 2018 mat engem Wuertgottesdéngscht vum Diakon Tristan Häcker, zu Fëschbech an der Kierch ugefaangen. Duerno sinn d'Kanner mam Seegen vum Diakon, bei 62 Familljen gaangen, déi sech am Virfeld ugemellt haten an hunn de Seegen un Hausdier geschriwwen oder gepecht. 20*C+M+B+18. Zum Ofschloss gouf et am Veräinshaus op der Héicht Kuck a Schocki an dem Senioreveräin hu mer och nach gesongen. Den Erléis vun dëser Aktioun geet un "Missio+" Kannermissiounswierk zu Lëtzebuerg. An ech mengen mir konnten zur neier Bibliothéik fir d'Stroossekanner vun Agonsoudja am Benin bäidroen, wëll d'Stäresänger aus der Gemeng Fëschbech hunn dëst Joer 1.527,64€ gesammelt. Merci all deenen däi zum Erfolleg vun dëser Aktioun bäigedroen hunn.