Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Bemierkenswerte Concert zou Fëlschdref.

Leschten Sonnden hat Chorale"Caecilia"Fëlschdref op e Concert agelueden an den Centre Culturel "Nei Schoul" zou Fëlschdref mat de Museker an Sänger vun der a.s.b.l.OFF-STAGE Productions.OFF-STAGE Productions gouf 2016 vu 5 jonke Museker a Sänger gegrënnt fir hier Leidenschaft fir de Genre Musical zou Lëtzebuerg ze propagéieren an fir och deene renomméierten,mee hei am Land leider nach manner bekannte Melodien eng Plattform ze schaafen.Dest Ziel hunn sie bei desem aussergewéinlechen Concert ereecht.Marielle Kaufmann&Claude Kraus(Gesang),Shaun Motiani(Piano),Pit Ewen(Bass),Philippe Noesen(Percussioun) an Véronique Biver(Technik) hunn dese Concert zou engem Erliefnes gemat an wuelverdengten Luew an Uerkennong fir hier Prestatioun op desem Owend vun begeeschterten Leit verdéngt an och kritt.