Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Generalversammlung mat Medailleniwwerreechung

Op der Generalversammlung vun der Feelener Musek gouf kierzlech op dat läscht Joer zréck gekuckt, wat leider ëmmer nach am Zeechen vun der Pandemie stoung. Manifestatiounen a Fester goufen et vill manner an trotzdeem konnt de Caissier ee gudden Bilan présentéiren. D'Musikant*innen freeen sech all op deen éischten Highlight, de Gala-Concert, deen Samsdes, den 19.Mäerz an der Sporthall stattfënnt. Zesumme mam Buergermeeschter Fernand Mergen huet den Déléguéierten vun der UGDA, Joé Heintzen ganz vill Insigne Junior'en, souwéi Medaillen fir 10, 20, 30, 40 a 70 Joer vun deene läschten zwou Saison'en konnten iwwerreechen.