Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Generalversammlung mat Medailleniwwerreechung

Viru Kuerzem hat d'Feelener Musek ob hir Generalversammlung invitéiert. Nom Réckbléck ob dat vergangent Joer, huet den Eirepresident Marcel Thill deene Jonken mat de meeschten Präsenzen an de Prouwen ee Cadeau iwwerrreecht. Zesumme mam Buergermeeschter Fernand Mergen huet den General Secrétaire vun der UGDA Robert Köller dës Medaillen u folgend Musikanten iwwerreecht: Insigne Junior fir den Nick Piret, Medaille fir 10 Joer un d'Cheyenne Rodrigues, Medaille fir 30 Joer un den Marc Lanners a Hubert Piret, Medaille fir 40 Joer un d'Marianne Habets an d'Marthchen Wagner an d'Medaille fir 60 Joer un den Théophile Bormann.