Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Gala Concert vun der Feelener Musék hat vill Succès

No der Ouverture vum Jugendensembel vun der Feelener Musék, huet den Dirigent Patrick Wilhelm seng Musikanten um Gala-Concert 2018 duerch een flotte Programm gefouert: no engem klasseschen Deel mat Wierker vum Tschaikowsky, Wagner an Strauss goung et am zweeten Deel ganz rockeg weider. Mat Ënnerstëtzung vun Guitarren, dem Gesank vum Pier Stockreiser, fréieren Sänger vun der Band "Awacs", an enger flotter Lightshow, huet et bal keen vun dene ville Nolauschterer méi um Stull gehalen. A sénger Présentatioun huet d'Sara Kirchens op charmant Art a Weis de Nolauschterer Wëssenswäertes iwwert déi verschidden Komponisten an och Bands wéi Scorpions, Guns N'Roses, Queen oder Bon Jovi verzielt.