Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Éierung bei de Pompjeeën Feelen

De Weckering René ass no 45 Joer aus dem aktiven Déngscht verabschid ginn. De René ass den 1. Januar 1970 an de Corps Nidderfeelen opgeholl ginn. Deemools war de Grondléiergang just gefrot fir an den Aktiven Déngscht bei de Pompjeeën. Op de René konnt en an all deene Joeren zielen, op de René war ëmmer Verloss. 40 Joer laang ass de René mam Pompjeesfändel vun de Nidderfeelener Pompjeeën virop gaang, dat bei selechen Feierlechkeeten am Corps an an der Gemeng an de René huet emmer bei all de Cortègen den Tempo uginn. Bei onziellechen Pompjees- a Kantonalfester an offiziellen Ausgäng huet de René de Fändel mat Stolz gedroen.
Als Merci krut de René e Scheck iwwerreecht am Wäert vun 200,00 €. Dest Geld geet de René un eng Famill a Moldawien weider, dös Famill geet schonns zënter Joeren vum René ennerstëtzt. Seng Fra Henriette krut mat Blummen Merci gesot.

Text: Nelissen Hubert
Foto: Pompjeeën Feelen