Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Di 70-Jährig hun sech erëmgesin


Feelen: Genau fënnef Joer si vergangen, dass die Feelener vum Joergank 1949 vun Uewer- an Niddefeelen sech getraf hun, fir hire 65. Geburtsdag ze feieren. Op Initiativ vum Marie- Josée Fischbach a Léa Hottua ass de 70. Geburtstag dann och zesummen, Freides, den 29. November gefeiert gin. No enger Gedenkminute an Nidderleeën vun engem Blummenarrangement op de Griewer vun de verstuerwenen Komeroden Pier Hottua a René Anthon hun si sech op de Wee op Ettelbréck gemeet, wou e gudde Maufel beim gemeinsamen Mëttegiessen an der Taverne Arthur opgedëscht gouf. Während e puer gemittlech Stonnen sin esou munnech Anekdoten aus der onvergiesslecher Jugendzäit zu Feelen nees opgefrëscht gin. Ganz interessant sin die vill Fotoen aus denen fréieren Zäiten , déi vum Charel Reiser an all dene Joeren mit vill Suergfalt archivéiert goufen, gekuckt gin. Beim Abschied waren si sech alleguerten eens, esou engt Treffen an zwee an engt halleft Joer erëm ze widderhuelen. (Charel Reiser)