Wählen Sie Ihre Nachrichten​

1.Meefeier vun der Feelener Musék

Mueres fréi hu sech Jonk an Al vun der Musék um Bucheknapp zu Feelen getraff fir de Meekranz ze bannen, gemittlech zesummen eng Tass Kaffi ze drénken an ee warme Wirschtchen z'iessen. Nom Tusch goung et dunn mam Kranz an den Café Hennesbau, wou nach deen een an anere Marsch gespillt gouf bei engem gudde Patt.