Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Konveniat vum Joergang 1953 vu Wolz


Viru Kuerzem haten „d’Jongen an d’Meedercher“ vu Wolz sech zesummefonnt, fir e flotten Dag mateneen ze verbréngen. Et war schonn déi 8. Kéier, dass si eppes gemeinsam ënnerholl hunn.

Dëst Joer stoung en Ausflug op Dinant um Programm, mat enger Croisière op der Meuse an enger Visite vun der Zitadell.

Bei engem gudde Nuechtiessen an engem ale Klouschter zu Dinant ass dunn den Dag ausklénge gelooss ginn, ier et mam Bus zréck op Lëtzebuerg goung. (Text/Foto: Christiane Werthesen)