Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Merci Iessen vum Fielser Cercle Pedestre

Wéi all Jor huet de Wanderveräin Cercle Pedestre aus der Fiels hir Membren an Helfer op ee Mëttegiessen invitéiert. De President Marc Nicolay huet a sénger Usproch ee Réckbléck op een erfollegräicht Jor gemach. 2 Wanderungen hat de Veräin organséiert déi ouni d'Hëllef vun de Membren an de fräiwëllegen Helfer nët dee groussen Erfolleg kannt hätt. Am Numm vum Comité huet hie Merci gesot fir dat grousst Engagement dat geleescht ginn ass. Ofschléissend huet de President jiddereen invitéiert den Dezember un enger Nuetswanderung zu Metz deelzehuelen an drop higewissen dass 2018 erëm 2 Wanderungen organiséiert ginn wou all Hëllef grbraucht gët.