Konveniat vun der "Amicale vun der Fielser Oberprimärschoul"

Viru kuerzem hate sech ronn 30 Schüler vun der deemoleger bescht bekannter « Fielser Oberprimärschoul » an der Fielser Gemeng zesummefonnt, fir e gemittlechen Dag mateneen ze verbréngen. Dëse Konveniat war organiséiert gi vum Aloyse Jacob, vum Roland Miny, vum Norbert Clemen a vum Jacques Bettendorf. Eng Mass fir déi verstuerwe Schoulmeeschteren a Komrode gouf gehalen an der Kapell vun Ierenz vum Äerzbëschof Paul Ouedraogo vu Bobo (Burkina Faso) a vum Paschtouer Robert Kuzwela ; d’Chorale « ad hoc » huet gesonngen ënnert der Leedung vum Charel Bernard a matgemaach hunn nach de Mett an de Jacques Conter an de Léon Switala. No der Mass war eng flott Receptioun vun der Gemeng an der Fiels organiséiert ginn. D’Mëttegiesse war am Hôtel du Château an der Fiels, wou bei flotte Geschichten an Anekdoten aus der Schoulzäit de Mëtteg fir d’Schüler vun der « Fielser Oberprimärschoul » ganz séier erëm gaangen ass.