Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Kirmes zu Fluessweiler

Op Aluedung vun dem Gesang vun Fluessweiler hunn mir, d'Chorale Sängerfrënn Ärenzdall Fiels, e Sonndeg den 29. September d'Kiermess Mass bei hinnen an der Kierch gesongen.
Mir hunn déi 3 stëmmeg 'Kurze Messe vum Ignaz Reimann" gesongen.
D'Chorale gouf geleet vum Carine Gratia. Op der Uergel huet eisen Dirigent an Organist, de Pascal Zeien, et fäerdeg bruecht déi schéinsten Téin aus der wonnerbarer, iwwer 100-jähriger Uergel, eraus ze huelen.
No engem laangem an herrlechem Aperitif, offréiert vun dem Fluessweiler Gesang, an enger eventueller Aluedung fir nächst Joer fir hiren 100-järigen Anniversaire, si mir dann an de Restaurant Relais du Chateau op Betzder, op Mëttegiessen gefuer.

Georges Brentener