Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Firmung den 10. Juli an der Parkierch an der Fiels

Den 10. Juli 2022 hu 37 Jugendlecher aus der Par St. Méchel Mëllerdall an aus ugrenzende Paren d’Sakrament vun der Firmung an der Parkierch an der Fiels empfaangen.

De Weibëschof Leo Wagener gouf assistéiert vun dem Paschtouer Robert Kuzwela, dem Kaploun Achille Bundangandu an den Diakone Michel Bingen an Alvaro de Freitas Moreira.

Als Virbereedung hunn déi Jugendlech sech getraff, fir iwwer verschidden Themen ze diskutéieren, wéi Klimawandel, Rassismus, Mobbing, Zukunft, Fridden asw an hunn dës Themen op Grond vu Bibeltexter beschwat an se aus dem „Bléckwénkel“ vum Wuert vu Jesus Christus gekuckt. D‘Partizipatioun un enger Adventsmass, enger Virbereedung op d’Faaschtenzäit mat der Boussfeier an der Par, hunn zu hiren Aktivitéite gehéiert. Temoignage vun engagéierte Chrëschten an „d‘Ausenanersetzung“ mam Hellege Geescht a sengem Wierken hu si op hirem Wee erlieft.

Den Här Weibëschof huet bei senger Begréissung de Jugendlechen e konkret Beispill vum Hellege Geescht gewisen, andeems hien den Här Michel Bingen virgestallt huet, deen den 09.07.22 zum Diakon geweit ginn ass. Dëst ass e Beweis, dat den Hl. Geescht och nach an eiser Zäit present ass a wierkt.

De Weibëschof encouragéiert déi Jonk sech op den Hellege Geescht anzeloossen, wëll Hien d’Verbindung zu Gott an eng immens Kraaft ass, fir si op hirem Liewenswee ze begleeden. E stellt den Hl. Geescht als en zouverléissege Guide duer, deen de Bléck a Kloerheet verschaaft fir dat Schéint, dat Wesentlecht an dat Gutt an deen opmierksam mécht op dat Schlecht an d’Ongerechtegkeet. Duerch d’Bezéiung zu Gott an zum Hellege Geescht kann et kee JO ginn zu Rassismus, zu Xenophobie, zu Gewalt, zu Mobbing.

Gesanglech a musikalesch gouf d‘Firmungsmass vun der kongolesescher Chorale Bens Bagula vu Louvain-La-Neuve assuréiert, déi et fäerdeg bruecht huet eng lieweg a flott Stëmmung ze schafen.