Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Ee Chèque fir d'Wonschkutsch

Am Määrz 2020, konnt d'Mme Carine Schanen-Schmitz aus der Fiels, nach just virun der Pandemie, hiren 60. Gebuertsdag zesummen mat der Famill a Frënn feieren. Si huet gären op ee Kado verzicht a konnt duerfir schlussendlech dee läschte Week-End, de Chèque vun 1000 € un den Här Jean-Marie Schmitz vun der Wonschkutsch iwwerreechen. Mat der Hoffnung, datten d'Leit hire läschte Wonsch nach laang duerch dës Organisatioun kënnen erfëllt kréien.