Wählen Sie Ihre Nachrichten​

De Jorgang 1955 aus der Fiels, huet sech an hirer Heemechtsuertschaft erëm gesinn

Den 31. Oktober haten sech op Initiative vum Ren Spautz, déi Fielser erëm gesinn, déi viru 60 Joer hei hir Kandheet verbruecht hunn.
Dem Opruff waren se bal all gefollegt, just Zwee haten sech ofgemellt, an esou huet een sech am Nomëtteg mat de jeeweilege Liewenspartner an der Fiels getraff.
Um Programm stoung eng Visite vum Gemengenhaus, datt am „Manoir de Roebé“ ënnerbruecht ass. De Pit Wies, a senger Funktioun als Fielser Buergermeeschter, huet déi fréier Fielser, zesumme mat hire Partner häerzlechst begréisst an ass du op d’Geschicht vum Gemengenhaus agaang, éier mir ee klengen Tour, fir d’éischt duerch d’Gäert vum Gemengenhaus gemaach hunn, fir uschléissend Gebailechkeete vum Manoir de Roebé, virgestallt ze kréien.
Duerno huet d’Gemeng den Éierewäin zerwéiert, an de Pit Wies huet déi fréier Fielserin, Sonja Greis mat sengem Mann, dem René Krier, domadder iwwerrascht, fir hinnen eng Kopie vun hirem „Acte de mariage“ vum 24. Oktober 1975 aus der Gemeng Fiels ze iwwerreechen, also bal op den Dag, 40 Joer hier.
Uschléissend huet de Kolleg Jeannot Besenius, deen nach aktive Schoulmeeschter an der Fiels ass, sech et net huele gelooss, eis seng Schoul ze weisen.
D’Owesiessen ass an der Auberge Op der Bleech zerwéiert ginn, woubäi deen een oder anere Spiichtschen aus fréierer Zäit zum Beschte gi ginn ass.
An datt déi 60-Järeg nach net zum alen Eise gehéieren, hu Si domadder bewisen, dass Si op d’Halloween Party op Iernzen an de Little Woodstock gaange sinn, wou bis moies fréi, weider gefeiert ginn ass.