Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Par Mëllerdall St. Méchel - Feier den 19.9.2021 an der Parkierch

09
Okt
2021
09 Okt

Fiels: Den 19. September 2021 hat d’Par Mëllerdall St Méchel eng eemoleg Geleeënheet fir gläichzäiteg e puer Feierlechkeeten ze begoen. A Presenz vun de Membere vum Pastoralrot, dem CGP, de lokale Kierchefabricken a ville Parleit huet de Père Robert Kuzwela mam Père Achille Bundangandu, déi feierlech Mass presidéiert. D’Nicole Spielmann, Presidentin vum Pastoralrot huet de Kaploun Achille Bundangandu, de Michel Bingen vu Kruuchten, zukünftegen Diakon an der Diözes, häerzlech begréisst. Si huet hinne vill Freed, Zouversiicht a Courage an hirem neie Ministère gewënscht . D’Parleit wëllen e Stéck Wee mat hinne goen, fir gemeinsam de Glawen ze liewen an d’Stäerken an den Déngscht vun der Par an der Diözes ze stellen. Si hoffen all op eng gutt, konstruktiv an éierlech Zesummenaarbecht.

Uschléissend krut d’Mme Marie-Josée Wirtz, Titularkatechetin zanter 5 Joer an der Par, Merci gesot fir hiren Asaz, hir Impulser an hire gudde Kontakt zu de Kanner an den Elteren. Fir hir zukünfteg Aarbecht an der Par Iewescht-Syr sinn hir vill Erfolleg, begeeschtert Kanner an Eltere gewënscht ginn, fir de Message vun der Kateches weider ze ginn. Als Kaddo huet d’Mme Wirtz sech en Don fir Iwwerschwemmungsaffer gewënscht, deem gäre Rechnung gedroe ginn ass.

Fir d’Kateches an der Par weider ze garantéieren, ass eng Equipe vu Benevolle begréisst ginn. Fraen a Männer aus eiser Par hunn dës Missioun ugeholl a sech bereet erkläert iwwert d’Joer d’Kanner mat Christus bekannt ze maachen. De Programm vun der Kateches ass en eemolege Pilotprojet vun der Par. E beinhalt eng Kontinuitéit vun der Schëpfung bis zum Wierke vu Christus ënnert de Mënschen. D’katechetesch Aktivitéite ginn awer och méi an d’Gestaltung bei de reliéisen Déngschter vun der Par mat agebonnen. D’Kateches vun de Kommuniounskanner a vun de Jugendleche fir d’Firmung leent sech och un dëse Projet un. Gesanglech Gestaltung vun der Mass gouf vun der Chorale aus der Fiels, ënnert der Leedung vum Här Zeihen, garantéiert.

Uschléissend huet den Här Wies, President vun der Kierchefabréck aus der Fiels, den Dammen e Bouquet Blummen an d’Mme Josiane Poos, Sekretärin vun der Par, den Hären eng Fläsch Wäin iwwerreecht.