Wählen Sie Ihre Nachrichten​

De Jos Kerger vun Iewerleng huet séin 90. Gebuertsdag gefeiert

De fréieren a bekannten Landmaschinenhändler Jos Kerger vun Iewerleng konnt deser Deeg mat Stolz op seng 90 Joer zerëck kucken. Bei deser Geléenheet huet de Buergermeeschter Pollo Bodem zesummen mat sengen zwéin Schëffen Gérard Anzia a Marc Hansen dem Jubilar am Numm vun alle Bierger aus der Gemeng Useldeng mat engem Blummenarrangement gratuléiert. Deene Wënsch huet sech de Präsident vum Senioreforum Gemeng Useldeng Jules Schoujean och gaeren ugeschloss an dem Jos Kerger ee gut geföllten Friichtekuerw iwerrreecht. De Jos Kerger ass den 9. Dezember 1921 als zweeteelste Jong vu véier Kanner zu Iewerleng op d'Welt komm. Den 13. Mee 1961 huet hien d'Josette Bingen vu Bettel bestued. Zwee Meedercher sin aus hirem Bestiednis erfiergaangen.
Méi heivunner ass an de kommenden Deeg am L. Wort ze liesen.
( FOTO: CHAREL REISER)