Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Scheckiwwerreechung am LTEtt u Wonschstär

De Wantermaart 2019 am Lycée Technique d'Ettelbruck war erëm e vollen Erfolleg. Am Ganzen hunn d’Schüler mat hiren Enseignanten 32 Stänn opgebaut. Een Deel vun de Suen, déi d’Schüler era kritt hunn, hunn se lo un de Wonschstär gespent, eng Organisatioun, déi reng vu Spende lieft a Kanner, Jonken awer och Erwuessener a schwierege Liewenssituatiounen e Wonsch erfëllt. A well den LTETT dëst Schouljoer 50 Joer feiert, ass decidéiert ginn, dass 50% vum Gewënn gespent ginn. Esou si mir op eng Zomm vun 1956.17 € komm. Dës Zomm hu mir der Madame Viviane Vermeer (Presidentin vu Wonschstär) Méindes, den 2. Mäerz iwwerreecht.


Et waren och vill Jonker dobäi, déi sech dee Moment net wollten entgoe loossen. Si konnten souguer zesummen ofstëmme, bei wéi engem Projet hier Suen agesat ginn an haten d’Méiglechkeet bei engem Stéck Kuch e puer Wierder mat der Madame Vermeer iwwert hir Aarbecht ze wiesselen.


Mir als Lycée si frou bei esou enger Associatioun konnte matzewierken an datt mir hëllefe konnten engem Mënsch, deen et net esou einfach huet, en Häerzenswonsch ze erfëllen. Ouni den Engagement vun de Schüler wier dëst net méiglech gewiescht. Dowéinst e grousse Merci un jiddereen, deen dozou bäigedroen huet, déi generéis Spent kënnen ze maachen.