Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Orange Week an der Ecole Privée Sainte-Anne

Lët’z say no to violence against women!”- ënnert dësem Slogan steet d’Orange Week 2020. Vum 25. November bis zum 10. Dezember, dem Internationalen Dag vun de Mënscherechter fannen am ganzen Land Aktiounen statt.

D’Schülerinnen vum Sainte-Anne maachen zënter Joren och mat. Esou hunn si zum Beispill zur Orange Week 2019 op der Kierchplaz zu Ettelbréck e Flashmob mat iwwert 900 Participanten organiséiert.

Och dest Joer huet déi ganz Schoulgemeinschaft een Zeechen gesat géint Gewalt u Fraen a Meedercher.

Mat hiren orangen Masken hunn si den 25. November (Journée internationale de l’élimination de la violence à l’égard des femmes) zum Ufank vun der Orange Week hir Solidaritéit demonstréiert : am Klassesall an och via Videokonferenz vun doheem aus.

Eng kléng Delegatioun huet sech zesummen mat der Direktioun virun der orange beliichter Schoul versammelt fir och no baussen e Zeechen ze setzen.