Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Opklärung iwwert den AIDS am Sainte-Anne

Opklärung iwwert den AIDS am Sainte-Anne

Den 8. Mee 2019 hunn 12 Schülerinnen vun enger 4GPS/SO aus dem Sainte-Anne et sëch zur Aufgab gemaach fir hire Kolleginnen vun de 6e Klassen Informatiounen zur HIV-Präventioun ze ginn. Am Virfeld vum Rallye hu si während 2 Deeg eng Formatioun bei der HIV-Berodung gemaach, vun denen d’Material vum Rallye, de Roundabout-AIDS, och stammt.

Dëse Rallye verbildëcht anhand vu 5 Panneauen wat de Virus ass, wéi een sech ustieche kann respektiv sech schütze soll, mee och wéi een mam Virus liewe kann, falls een infizéiert ass. D’Schülerinnen, déi Panneauen animéiert hunn, hunn dat mat enger grousser Begeeschterung gemaach an och d’Schülerinnen vun de 6e Klassen hunn gudd nogelauschtert a bäigeléiert.

An dem Kader ass am Sainte-Anne och eng Ausstellung iwwert den HIV ze gesinn. Si heescht “HIV-35 ans après”. Et sinn dëst 17 Panneauen op denen d’Geschicht vum Virus, dat heescht seng Entwécklung, seng Wierkung op de mënschleche Kierper, wéi och den Traitement dogéint gewise gëtt.

De Virus (HIV) ass nach ëmmer präsent, mee net méi sou am Gespréich. D’Geféierlechkeet ass awer nach ëmmer réelle an dohir ass d’Opklärung an d’Präventioun eng wichteg Saach. Eis Meedercher wësse lo Bescheed.