Wählen Sie Ihre Nachrichten​

NEE zur Gewalt géint Fraen

Am Kader vun der Orange Week vum 25.11 bis den 10.12.2021 hunn d’Schülerinnen vun der Ecole Privée Sainte-Anne e Projet realiséiert fir op de Problem vun der Gewalt géint Fraen an Meedercher opmierksam ze maachen. Mat dem Ophänken vun 278 T-Shirten un de Beem an den Fënsteren vun der Schoul hunn si hir Solidaritéit gewisen. Di 278 T-Shirten stinn fir di 278 Fraen, di 2020 duerch eng Interventioun vun der Police vun hirem gewalttätege Partner befreit konnte ginn. No der Aktioun goufen T-Shirten verkaaft an den Erléis gouf elo gespent: E Scheck iwwer 1.000 € goung un d’Fraenhaus Edith Stein zu Eschweiler an e zweete Scheck iwwer 500 € un d’Madame Ana Pinto vun der asbl “Schungkëscht”.