Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Lëtz Step to Fairtrade@Sainte-Anne

Lëtz Step to Fairtrade@Sainte-Anne

E Mettwoch, de 15. Mee hunn ronn 250 Schülerinnen aus der Ecole Privée Sainte-Anne moies um Fairtrade-Breakfast deelgeholl. Sie hun zesummen mat hiere Klassekamerodinnen Kaffi gedronk an et sin hinnen allerlee Fairtrade-Produkter zervéiert gin. Ausserdem konnten d’Schülerinnen sech op Affichen iwer de Fairtrade-System informéieren an och bei engem Quiz matmachen.

Eng aner Aktioun wou d’Schoul ganz aktiv matgemach huet, war d’Aktioun #fairfriday. Freides, de 17. Mee hun d’Schülerinnen ganz vill flott Fotoen gemach an sech esou solidarisch mam fairen Handel gewisen.

Ze bemierken as, dass d’Ecole Privée Sainte-Anne vun Ettelbréck schons zanter 2010 eng zertifiéiert Fairtrade-Schoul as.

Ecole Privée Sainte-Anne Ettelbruck

��