Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Journée Projet zum Thema “Nohaltegkeet” am Sainte-Anne

Journée Projet zum Thema “Nohaltegkeet” am Sainte-Anne

Traditionell hält all Trimester an der Ecole Privée Sainte-Anne mat engem Projetsdag op. D’Schouljoer 2019-2020 steet mat dem Slogan #EIS Welt #Eis Zukunft #Eis Chance ganz ënnert dem Thema Nohaltegkeet an dat war dann och de Sujet vun der 1. Journée projet.

1000 Schülerinnen aus 54 verschiddene Klassen hunn an 30 verschiddene Atelieren iwwert den Dag verdeelt geschafft. Institutiounen an Intervenanten aus all Beräich vun der Gesellschaft hunn probéiert, de Meedercher de Sujet vun der Nohaltegkeet méi no ze bréngen: D’Lëscht geet vun Youth4Planet iwwert SOS Villages d’Enfants Monde, d’Kindernothilfe, d’Superdréckskëscht, Luxtransplant, Amnesty, ECPAT, MEGA, den Zentrum fir politesch Bildung bis zu Kach-, Manga - an Upcyclingatelieren. Ob beim Atelier vun eisem Weihbischof, dem Monseigneur Leo Wagener, de Guiden a Scouten vun Lëtzebuerg, der Orang Outan Help, dem Atelier vun Îles de Paix oder Partage.lu - si alleguer hunn dozou bäigedroen, eis méi opmierksam ze maachen an hunn gewisen, wéi jiddereen vun eis kann aktiv mathëllefen eis Ëmwelt ze schützen.