Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Journée de l'environnement am Sainte-Anne

Fir den Ëmweltdag vum 5. Juni hunn mir 4 Aktiounen gestart: Eis 7es Schülerinnen kruten ee Waasser-Bidon fir sou kënnen de Gebrauch vu Plastikfläschen ze vermeiden. Ausserdeem kënnen all eis Meedercher vun elo un um System Eco-Box vun der Superdreckskescht partizipéieren an hiren Menu an der Cantine als menu à emporter kréien.

Mir hunn den Dag och benotzt fir eis Aktioun e-reUse ofzeschléissen: An de letzten Méint hunn mir aal Handyen gesammelt an konnten si gëschter den Représentanten vun der Caritas iwwerginn, fir e gudden Recyclage ze garantéieren. Fir eis Schülerinnen och an dem Beräich ze sensibiliséieren, haaten mir Leit vun der CITIM am Haus, di mat enger Klass en Atelier zum Thema "Der wirkliche Preis meines Handys" gemaach hunn.