Wählen Sie Ihre Nachrichten​

« Fairtrade Breakfast » vun der 15ème BTS aus dem LTEtt

De Projet « Fairtrade Breakfast » vun der 15ème BTS aus dem Lycée Technique d'Ettelbruck hat am Mäerz vill Succès! No 2 Stonne scho waren all hir corona-konform Fairtrade-Boxen « sold out ». Et hunn insgesamt 9 Klasse matgemaach, mat 132 Schüler an 10 Enseignanten.


D’Schülerinnen a Schüler vum BTS hunn an 5 Gruppen folgend Aufgaben erleedege mussen: eng Reklamm opstelle mat Formulaire d’Inscription, ee flotte Video de Sensibilisation opstelle vun 10-15 Min., a Buttiker no Fairtrade-Produkter sichen a Präisser vergläichen, e Budget opstellen an akafe goen, duerno eng « Box » zesumme stellen an déi liwweren, e Questionnaires de satisfaction opstelle fir Proffen a Schüler an hir Conclusioune schreiwen unhand vun engem klengen Dossier.


Déi 9 Klassen, déi matgemaach hunn, hunn hir Fairtrade-Box geliwwert kritt, zesummen de Video gekuckt an am Uschloss eng Diskussioun iwwer Fairtrade gefouert. Eng flott Aart a Weis de Fairtrade ze thematiséieren!