Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Eng nei visuell Identitéit fir den LTEtt

Op senger Rees duerch d‘Zäit gëtt sech de Lycée Technique d’Ettelbruck (LTEtt) en neit Gesiicht. De Logo mat den Ëmrësser vum Gebai, deen zanter 2004 am Asaz war an dee kuerz Zäit mat engem Logo fir de 50. Gebuertsdag vun der Schoul ze feieren ergänzt gouf, fënnt elo de Wee an d’Geschichtsbicher.


D’Visioun vun der Schoul huet hire Wee och an de Logo fonnt: d’«Educatioun zu der Nohaltegkeet». Si gëtt duerch 3 Elementer definéiert: d’Ekologie steet fir d‘Natur- an Ëmweltwëssenschaften (duergestallt duerch gréng Joresréng wéi bei engem Bam), d’Ekonomie erënnert un d’Wirtschaft an de Commerce (orange Zacken, déi op Diagrammen uspillen), dat Soziaalt verbënnt déi sozial Wëssenschaften, d‘Gesondheet an d‘Mënschlechkeet (Usammlung vu bloe Punkten, déi eng Gemeinschaft formen). Dës 3 Grondprinzippie fannen sech an der ganzer schoulescher an nieweschoulescher Offer grad wéi och an de Projeten, an den Optiounen a komplementare Coursen erëm.


Ons Erneierung vun der Charte graphique vum Lycée ass e Bestanddeel vum Schoulentwécklungsplang a gëtt eis d’Méiglechkeet eis Wäerter aus der Schoulcharta „Respekt an Toleranz, Engagement an Hëllefsbereetschaft, Wuelbefannen a Gesondheet, Éierlechkeet» am Alldag ze verankeren.


Mir wëllen domat eiser Missioun gerecht ginn an d‘Schülerinnen a Schüler encouragéiere fir responsabel Bierger ze sinn, déi sozial engagéiert an ëmweltgerecht handelen, fräi no eisem Slogan „op d’Zukunft spezialiséiert“.